Attributiounen

Am Joer 2013 huet d'Regierung d'Cellule de facilitation urbanisme et environnement (CFUE) gegrënnt. Dës Expertegrupp fir Urbanismus an Ëmwelt huet als Zil, d'Prozesser fir verschidden Zorte vu Projeten ze vereinfachen. D'CFUE ass un de Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung ugebonnen a koordinéiert d'Planifikatioune fir d'Ëmsetzung vun urbanen Entwécklungsprojeten ze erliichteren.

Eis Missioun: Effizient Planungs- an Entwécklungsprojeten

Duerch:

  • Effizienz an Zilorientéierung an der Planung
  • Kloer Kommunikatioun
  • Einfachheet fir Bierger, Entreprisen, Experten a Gemengen

Als neutral Instanz kucke mir wéi eng Gesetzer fir Äre Projet gëllen, respektiv stellen de Kontakt mat den zoustännege Ministèren an Administratiounen hier.

Weiderliesen

Aktualiséiert den