Wéi mir schaffen

Eis Approche ass interdisziplinär, vertraulech a neutral

Neutral: Eist Zil ass d'Kloerheet an der Planung an en effikassen Asaz vun de Ressourcen. Mir huele keng Positioun a verfollege keng eegen Interessen.

Vertraulech: Är Informatioune bleiwen tëscht Iech an eis. Nëmmen mat Ärem Accord gi mir se weider, z. B. fir d'Kontaktopnam mat aneren Autoritéiten.

Interdisziplinär: En Team vu Fachleit aus verschiddene Beräicher (Urbanismus, Bauingenieurswiesen a Ëmweltmanagement) erstellt eng global Analys.

Effikass Aarbechtsweis: mir sichen no der beschter Léisung fir Äre Projet

Facilitateur: Mir wëlle Barrièren ofbauen, Léit zesumme bréngen an doduerch néi Léisunge schafen.