Gemengen

D'CFUE ass Ären éischten Uspriechpartner fir komplex Geneemegungsprozesser

Hutt Dir als Gemeng Froen zu Ärem Bauprojet? Da si mir dee richtege Kontakt fir Iech!

Typesch Froe vu Gemengen

"Ech wëll d'Entwécklung vun engem Urbaniséierungsprojet ugoen."

"Wéi kann de Staat meng Gemeng an dësem Prozess ënnerstëtzen?"

"Wéi kann d'Zesummenaarbecht tëschent deene verschiddenen Acteuren opgebaut a strukturéiert ginn?"

Eis Offer

  • Informatioun: Fir spezifesch Froen an Onsécherheeten
  • Berodung: Fir en effikassen a pragmateschen Usaz
  • Assistenz: Fir d'Planungsprozesser ze suivéieren an ze dokumentéieren
  • Mediatioun: Mediateur fir onbeäntwert Ufroen, respektiv fir verschidden Interessen ofzestëmmen
Wéi mir schaffen

Är Virdeeler

"D'Gouvernance fir eise Projet ass gutt strukturéiert. D'Aufgaben si kloer verdeelt."

"Mir wëssen elo wéi eng Acteure mat abezu solle ginn - de Kontakt ass hiergestallt."

"D'CFUE bitt eis eng Plattform fir Gespréicher mat den zoustännegen Autoritéiten ze feieren."

Wat mir net maachen

  • Mir ersetze kee Planungsbüro!
  • D'CFUE erstellt keng Baupläng a mécht och keng Berechnungen.
  • Sicht Dir no engem gëeegenten Terrain? Och do kënne mir net hëllefen.
  • Kann d'CFUE meng Ufro geneemegen? Nee. Mir beroden a vermëttelen.
  • D'CFUE kann net hëllefe wann eng geriichtlech Prozedur leeft.