Privatleit

D'CFUE beäntwert Är Froen a ënnerstëtzt Iech am Planungsprozess

Hutt Dir als private Bauhär Froen zu Ärem Projet? Da si mir de richtege Kontakt fir Iech!

Typesch Froe vu private Bauhären

"Ech si Besëtzer vun engem Terrain am Bauperimeter. Wat ass d'Baupotential vu mengem Terrain?"

"Wéi eng Restriktiounen applizéieren sech?"

"Wéi eng Studie sinn néideg?"

"Wéi eng Ministèren oder Verwaltunge soll ech kontaktéieren?"

"Wéi séier kann e Projet autoriséiert ginn?"

Eis Offer

  • Informatioun: Fir spezifesch Froen an Onsécherheeten
  • Berodung: Fir en effikassen a pragmateschen Usaz
  • Mediatioun: Mediateur fir onbeäntwert Ufroen, respektiv fir verschidden Interessen ofzestëmmen
Wéi mir schaffen

Är Virdeeler

"Elo weess ech ob wat ech muss oppassen."

"Ech weess u ween ech mech wende kann."

"Ech hunn e kloren Iwwerbléck a kann déi nächst Schrëtt plangen."

Wat mir net maachen

  • Mir ersetze kee Planungsbüro!
  • D'CFUE erstellt keng Baupläng a mécht och keng Berechnungen.
  • Sicht Dir no engem gëeegenten Terrain? Och do kënne mir net hëllefen.
  • Kann d'CFUE meng Ufro geneemegen? Nee. Mir beroden a vermëttelen.
  • D'CFUE kann net bei enger laafender Geriichtsaffär hëllefen.