Entrepreneuren/Entreprenesch

D'CFUE verbessert Ärt Wësse fir Bau- a städtesch Entwécklungsprojeten unzegoen.

Hutt Dir als Entrepreneur/Entreprenesch oder Planungsbüro Froen zu Ärem Bauprojet? Da si mir de richtege Kontakt fir Iech!

Typesch Froe vun Entrepreneuren a Planungsbüroen

"Ech si Chef vun engem Betrib zu Lëtzebuerg a wëll mäi Produktiounssite vergréisseren."

"Ech géing mech gären iwwer d'Geneemegungsprozeduren informéieren, déi fir mäi Projet gëllen, iwwer d'Studien déi ze maache sinn, an d'Planungszäit, déi noutwenneg ass, ier d'Aarbechte kënnen ufänken. Kuerz gesot, et ass fir mech wichteg eng Previsibilitéit fir mäin Investitiounsprojet ze hunn."

Eis Offer

  • Informatioun: Fir spezifesch Froen an Onsécherheeten
  • Berodung: Fir en effikassen a pragmateschen Usaz
  • Assistenz: Fir d'Planungsprozesser ze suivéieren an ze dokumentéieren
  • Mediatioun: Mediateur fir onbeäntwert Ufroen, respektiv fir verschidden Interessen ofzestëmmen
Wéi mir schaffen

Är Virdeeler

"Mir kënnen elo vill méi effikass mat gesetzleche Virgaben ëmgoen."

"Mir kënnen d'Risiken aschätzen."

"Mir hunn elo ee konkrete Plang wéi mir Schratt fir Schratt virginn."

"D'CFUE hëlleft eis wann et op engem bestëmmte Punkt Schwieregkeete ginn."

Wat mir net maachen

  • Mir ersetze kee Planungsbüro!
  • D'CFUE erstellt keng Baupläng a mécht och keng Berechnungen.
  • Sicht Dir no engem gëeegenten Terrain? Och do kënne mir net hëllefen.
  • Kann d'CFUE meng Ufro geneemegen? Nee. Mir beroden a vermëttelen.
  • D'CFUE kann net hëllefe wann eng geriichtlech Prozedur leeft.